Conseil: déi gréng Ried zum Budget 2016

Publié le

No zwee Drëttel vun der aktueller Legislatur ass de Budget 2016 och schonn e gewësse Bilan fir de Lënster CSV-LSAP Schäfferot.

 

Mir gréng stelle fest :

Huel Spréch an eidel Verspriechen

dat sin d’Markenzeechen vun der aktueller Koalitioun, déi elo scho ganzer 10 Joër um Rudder ass, mee kaum seriö zu Wierk gaangen ass. Beweise kann een dat ganz schéin um Budget 2016 mam Verglach zu de viirëchte Budgetsen an awer och am Verglach mat den – zwar wéineg ambitiéisen – Uspréch vun der Schäfferotserklärung vun 2011.

Ech weisen Iech dat elo a 5 Kapitelen.

 

1.    Realistësch Budgetéierung

 

Am ordinäre Budget ginn op ganz ville Punkten einfach déiselwecht Beträg vu Jor zu Jor ëmmer erëm agedroën, obschonns se nie ganz opgebraucht goufen.

 

Et ass vill méi realistësch, an et reegt iwwregens och méi zum spuersamen Ëmgang mat de Budgetsmëttelen un, wann een d’Moyenne vun den 3 leschte Joren an de nexte Budget géiw schreiwen. Ausser et géiw gudd Grënn ginn, fir am nexte Joër ënner oder iwwer d‘Moyenne ze goën, wat dann am Commentaire zum Artikel misst erklärt ginn.

 

Am extraordinäre Budget ginn onrealistësch Chifferen agesat, déi iwwerhaapt net am Aklang mat de Prozeduren, dem Planning an dem Fortgang vun den Aarbechte sinn. De Beweis ass, datt Jor fir Jor de Budget vum nexte Jor sou Null vun Null opgeet, mee dann um Enn vun deem Jor de Budget rectifié regelméisseg en Iwwerschoss vun ëm déi 6 Milliounen opweist, well de Budget net executéiert konnt ginn. Dat ass en éischte Beweis vun den huele Spréch an den eidele Verspriechen, mat deenen eis de Schäfferot wëll weis maachen, d’Gemeng Jonglënster wier gudd gefouert.

Léiw Kolleginnen a Kollegen aus der Majoritéit: Dir kënnt jo awer net am Eescht mengen, datt mir Är onrealistësch Zuelespillereien beim Budget a beim Budget rectifié kënne matstëmmen?

 

2.    Iwwerpréifung vun de lafende Käschten

 

Et gëtt näischt méi Schlëmmes wéi de Saz: „Mir hunn dat schonn ëmmer esou gemaach!“. Et kann een eng Saach nämlech och 10 Joër laang falsch maachen.

 

Mir gréng ruffen de Schäfferot dozou op, ähnlech wéi dat d’Regierung gemach huet, e Screening vun allen ordinären Ausgaben ze maachen, an sech d’Fro ze stellen, op déi Ausgab néideg ass, op se an där Héicht néideg ass an op een net se kann duurch Alternativen oder konkurrent Offeren wéi bëlleg kréien. Mir denken zum Beispill un de grénge Stroum, un d’Dépensen déi fir Computerprogrammer un de SIGI ginn, awer och un déi horrend héich Telefonsrechnungen vun der Gemeng.

 

De Schäfferot misst awer och am Budget Pluriannuel aschreiwen, wat d’Folgekäschte sinn, wéi zum Beispill geschwënn bei der neier Sports- an Tennishal. Prinzipiell misst bei all neiem Projet eng Fiche financière derbäi sinn, déi d’Folgekäschten evaluéiert um Niveau vun der Consommatioun an der deeglecher Gestioun. Nëmmen esou kann sech de Gemengerot e Bild iwwer de reelle Käschtepunkt maachen. Nëmmen esou kënnen déi lafend Dépensen ënner Kontroll bleiwen.

 

Mir wéilten och als gréng, datt de Gemengerot all Joër d‘Rapports d’activités virgeluecht kritt vun allen Associatiounen mat deene mer Jor fir Jor Konventiounen ofschléissen. Esou kënne mer gesinn, op eist Geld gudd investéiert ass an och dat geschitt wat versprach gouw.

 

3.    Käschtendeckung

 

Mir hunn zanter e puer Joër e käschtendeckende Waasser- an Ofwaasserpräis. An och vum 1. Januar 2016 un e käschtendeckenden Offallpräis, dank enger Bréisseler Directive déi de Prinzip vum „pollueur-payeur“ festschreiwt. Dat ass gudd a gerecht esou.

 

Mee mir gréng widderhuelen eis vu Joër zu Joër: och aner Liwwerungen a Servicer vun der Gemeng missten iwwerpréiwt ginn, op dat wat se d’Gemeng reell kaschten an op dat wat se abréngen. Wéi ass et mat den Taxen bei Kopie vu Pläng, Baugenehmegungen, PAPen, Benotze vun der Ambulanz, Réckgrëff op Gemengeservicer, Verloune vu Wunnéngen, ...? Gëtt dat alles nom Käschtendeckungsprinzip verrechent?

 

Well soss kéint et nawell sinn, datt d’Gemeng iwwer zevill e bëllege Präis Leit subventionéiert, déi et guer net néideg hunn, oder datt wertvoll Ressource mutwëlleg verbëtzt ginn, well se jo - scheinbar -bal näischt kaschten.

 

Wann et dann an eiser Gemeng Leit gëtt, déi duurch déi reell Präisser vun de kommunalen Dingschleeschtunge finanziell an d’Laberente kommen, muss dëst duurch Sozialmoossnahemen opgefaang ginn. Esou mécht een eng ugepassten a sozial selektiv Politik amplaz mat der Géisskaan iwwer d’Gemeng ze zéien a Leit ze subventionéieren déi et guer net néideg hunn.

 

Mir denken hei ënner anerem un de „Repas sur roues“, dee ganz vill Leit mat héige Pensiounen subventionéiert. Mir gréng plädéieren hei fir e reelle Präis a gläichzäiteg fir eng paralell Erhéigung vun der „allocation de vie chère“, déi jo da just deene Leit zegutt kënnt, déi et wiirklech néideg hunn.

 

Dat Geld wat verjuppt gëtt, wann d’Gemeng hir Käschtestruktur net am Grëff huet, feelt all Joër op en Neits am Budget fir déi noutwenneg Investitiounen an d’Zukunft, an och an der Sozialpolitik, fir déi z’ënnerstëtzen déi et wiirklech brauchen, an dat deet besonnech wéi.

 

4.    Verspriechen anhalen

 

Dëse Schäfferot huet scho vill Versprieche vu sech ginn, mee geschitt ass wéineg.

Mir gréng froën dann alt emol erëm:

·         Firwaat daueren och esouguer kleng Projetsen – zum Beispill d’Renovatioun vum Beideler Paschtouëschhaus – esou laang a ginn doduerch méi deier?

·         Wéini kréie mer e PAG a wat kascht e schlussendlech?

·         Firwat solle mer hei d’Gemengegebai vergréisseren, wa mer an der Hal vum Service technique e ganze Plateau Bürosraim hunn, déi eidel stinn?

·         Wéini kréie mer d’Taxe op Wunnéngen déi onnëtz eidel stinn, wou dach vill Leit verzweifelt eng Wunnéng sichen? E Reglement zu dëser Tax gouf ewell e puer Mol vum Schäfferot versprach.

·         Hu mer wiirklech bis 2018 Vëlosweeër, déi all d’Uertschafte vun der Gemeng matenee verbannen, sou wéi dat an der 2011er Schäfferoterklärung steet? A wéi soll dat goën, wann ee gesäit datt d‘Krediter am lafende Joër bal net benotzt ginn an dann am nächste Joër och nach massiv no ënne revidéiert ginn?

 

 

Léiw Kolleginnen a Kollegen aus dem Schäffen- a Gemengerot,

 

5.    An eng nohalteg Zukunft investéieren

 

Jonglënster ass no laangem Zécken vum Schäfferot dem Klimapakt bäigetrueden an huet eng Klimaberoderin agestallt. Dëse Gemengerot huet eestëmmeg ambitiéis Klimaziiler festgeluecht. Gudd esou!

 

Zanter der Paräiser Klimakonferenz hu mer et quasi amtlech, vun allen 196 Länner vun dëser Welt bestätegt: de Klimawandel existéiert an et muss een eppes dergéint ënnerhuelen an et kann een eppës dergéint ënnerhuelen.

 

Mee genee esou wéi schéi Riede vu Staatscheffen eis net weiderbréngen, bréngen eis och Absichtserklärunge vum Gemengerot kee Schrëtt weider.

 

An der Klimapolitik, déi iwwregens och eng Investitioun an d‘Zukunft ass an e Kampf géint d’Verbëtzen vun Energie a vu Gemengegelder, ass d’Gemeng gefuerdert, jo se huet sech selwer gefuerdert duurch de Klimaplang. Mee leider bewegt de Schäfferot do net vill.

 

Hei eng Rei Froën dozou:

·         Wat bréngt d’Geld wat mer a MyEnergy stiechen?

·         Ass de Schäfferot sécher, datt den Thermo-Kadaster wiirklech an effizient wärt genotzt ginn par rapport vum Käschtepunkt vun dëser Mesure?

·         Wéini gëtt endlech eng Schleis / Sas virun de Centre Gaston Stein gesat, fir datt net all Kéiers wann een d’Dir opmécht, onnëtz Energie verschleidert gëtt ? Mäi Virgänger Jos Greischer huet dat schonn 2010 gefuerdert gehat !

·         Wéi steet et mat dem Fernwärmenetz an der Buerg?

·         Watfireng Konsequenzen zitt de Schäfferot aus dem Energieaudit vun de Gemengegebaier?

·         Huet de Schäfferot scho mol opgelëscht, wéivill de Klimapakt kascht, mee och wat en erabréngt, als Suë vum Staat, awer och als Spueren bei de Gemengenausgaben? Wéivill Potenzial gëtt et nach?

 

An der Zukunftsfro Klima, dat heescht automatësch an de Froën ronderem d‘Energieeffizienz an déi erneierbar Energien, ass et sécher net mat huele Spréch an och net mat eidele Versprieche gedon.

 

Dofir dës zousätzlech a grondsätzlech Froën un den CSV-LSAP-Schäfferot:

·         Wéi ass den Ist-Zoustand bei den ambitiéise Klimaziiler, déi de Gemengerot festgehalen huet?

·         Wéi solle bis 2020 déi 20% Aspuerung vum Gesamt-Energieverbrauch um Gemengenterritoire erreecht ginn?

·         Wéi solle bis 2020 déi ugepeilten 20% vum verbrauchte Stroum aus erneierbaren Energien kommen ?

·         Wéi solle bis 2020 déi viséiert 20% vun der produzéierter Hëtz aus erneierbaren Energien kommen ?

 

Fir 2016 ass rose wéineg Konkretes am Budget, an deemno bleiwen dono just nach 4 Joër!

Gëtt et do e konkreten Aktiounsplang? Oder just huel Spréch an eidel Verspriechen?