Gemengewalen 2017 - Eisen Aktiounsplang fir d'Gemeng Jonglënster

Publié le

Hei fannt dir eisen détailéierten Aktiounsplang fir d'Gemeng Jonglënster

Léiw Biergerinnen a Bierger,

Dëse Programm ass den Ausdrock vum gréngen Engagement fir d’Bierger vun eiser Gemeng a weist eis Léisungen fir déi nächst 6 Joer zu den Themen déi Iech an eis interesséieren. Dir kënnt
hei noliese wat déi gréng un ganz konkrete Virschléi maache fir eist Zesummeliewen an eis Liewensqualitéit ze verbesseren. Dëse Programm fir d’Gemeng Jonglënster – dee mir fir Iech a
matt Iech ëmsetze wëllen – ass vun eiser kompetenter a motivéierter Equipe ausgeschafft ginn.

Mir si frou Iech eng Equipe ze presentéiere, an där sech esouwuel erfuere Politiker wéi och engagéiert Biergerinnen a Bierger zesummefannen. Eist Kompetenzteam mat sengem Equiliber
vu Fraën a Männer, mat allen Alterskategorien, verschiddene Beruffs- a Familljensituatiounen a matt sengem groussen Know-How ass esou vielfälteg wéi eis Gesellschaft.

Eis Spëtzenkandidaten, eis engagéiert Equipe, eis konstruktiv, konkret an ëmsetzbar Virschléi fir Jonglënster sinn déi bëscht Argumenter fir déi gréng bei dëse Gemengewahlen ze stäerken.
Wann och Dir wëllt, datt en neie Wand an eis Gemeng kënnt, datt d’Erausfuerderunge vun der Zukunft matt enger moderner Politik gemeeschtert musse ginn, da wielt déi gréng.

Mir sinn iwwerzeegt, datt déi gréng Konzepter och an der Jonglënster Gemeng wierken fir Är Liewensqualitéit ze verbesseren.


Christian KMIOTEK          Anne SCHROEDER          Christian GOEBEL
Spëtzekandidaten déi gréng
 

 

Aktiounsplang fir Jonglënster