Merci dem Jos Greischer

Publié le

déi gréng Jonglënster soën dem Jos Greischer e grousse Merci fir säi joërzéngtelaangen Asaz an der Gemengepolitik.

Alles wat de Jos ongerecht fonnt huet, ob am Ëmgang mat der Natur oder tëschent de Mënschen, huet hien thematiséiert. Elo, wou de Jos d’Pensioun op der Aarbecht a vum Gemengerot huet, ass hien alt nach ëmmer am Damp: ronderëm d’Haus, Badminton, reesen, an, an, an ...

Déi Lënster Lokalsektioun vunn déi gréng huet dem Jos e flotte Kadosbong als klenge Merci iwwerreecht.