Pressematdeelung - Récktrëtt CSV-Buurgermeeschtësch

Publié le

Mir hunn haut an der Gemengerotssëtzung de Récktrëtt vun der CSV-Buurgermeeschtësch zur Kenntnis geholl.

Mir hunn haut an der Gemengerotssëtzung de Récktrëtt vun der CSV-Buurgermeeschtësch zur Kenntnis geholl, an dat knapp no der Halschent vun der aktueller CSV-LSAP Mandatsperiod. déi gréng Jonglënster interpretéieren dëse Récktrëtt als den Aveu vun der Konzeptlosegkeet vun der lokaler CSV, déi ouni eng kloër politësch Visoun just den Alldag verwalt an d’Entwécklung vun eiser Gemeng bremst.

déi gréng Jonglënster bedaueren, datt elo d’Mme Francine Colling-Kahn – mat där mir gréng ëmmer oppen a konstruktiv konnten zesumme schaffen – d’Affer vun interne Machtkämpf an der lokaler CSV-Sektioun gouw.